En neie Jugendkoordinator fir d'Yellow Boys


24 May 2022

Den FC Yellow Boys ass frou, mam Georges Fernandes en neie Jugendkoordinator ab der nächster Saison a senge Reien ze hunn. De Georges war 7 Joer Jugendtrainer beim F91 Diddeleng a kann op vill Erfarung am Jugendberäich zréckgräifen.

 

De Lucien Pina Cruz, deen déi lescht 5 Saisonen eise Jugendkoordinator war, bleift dem Veräin als Golkipp a Golkippstrainer vun der Jugend erhalen. Och op déi weider Zesummenaarbecht mam Lucien freeë mir eis.