Déi 5. Editioun vum Weili Cup fir Bambinis, Pupilles, Poussins a Minimes fënnt den 1. an 2. Juli 2023 am Dieltchen statt.
D'Auslousung vun de Gruppen ass gemaach an hei ënnendrënner fannt Dir d'Spillpläng als PDF.
Eis Broschür ass och fäerdeg.
Titelverdeedeger sinn: Beetebuerg (Bambinis), Hueschtert (Pupilles), Monnerech (Poussins) an den F91 (Minimes). (D'Resultater vun 2022 fannt Dir an de PDFen hei ënnendrënner.)
Op dëser Säit kritt Dir ëmmer déi neiesten Informatiounen zum Turnéier.