D'Laure flappt op d'Case N12

17th June 2024

club logo

FC Yellow Boys Weiler-la-Tour

Alt nees gouf et e Rekord bei der Vache qui flatte: 4064 Casë goufe verkaf. Domat ass déi éischte Kéier déi magesch Grenz vu 4000 Casen iwwertraff ginn.

D'Kou Laure huet net laang gebraucht, bis se geflappt huet, an dat an d'Case N12. 4818 € ginn duerch 10 gedeelt, well 10 Leit op déi richteg Case gesat hunn.

D'Haaptgewënner an och déi 101 Gewënner vun den 8 Felder niewendrun (O11, O12, O13, N11, N13, M11, M12 an M13) gi vum Veräi kontaktéiert.

Mir soe jidderengem Merci, dee matgemaach huet a gratuléieren de Gewënner.

image