Optakt vun der Saison 2022/2023 bei den Seniors 1


05 July 2022

Gëschter Owend war den Optakt bei den Yellow Boys fir d'Saison 2022/2023 bei den Seniors 1.
Den neien Trainer Ronny Souto an säin Team hun zum 1ten, méi labberen Training, invitéiert. Haut geet et dann richteg lass.
Mat dobäi waren nirwend enger ganzer Rei bekannten Gesichter, vill jonken Nowuestalenter, deem een oder aaneren Spiller, deen nach getest gëtt, och net manner wéi 10 Neiverpflichtungen, déi an Zukunft eis Farwen vertrieden wärten.
Mir kommen an engem separaten Artikel op d'Nimm vun deenen neien Yellow Boys zreck.
Mir wënschen awer vun deser Platz all den Spiller eng gutt Saison an dem Trainerteam zu all Zäit eng glëcklech Hand.
HEI ASS WEILER