Infos zum Weili Cup 2021

Infos zum Weili Cup 2021

Nodeems déi 2 éischt Editiounen vum Weili Cup 2018 an 2019 e groussen Erfolleg waren an den Turnéier 2020 der Corona-Pandemie zum Affer gefall ass, si mer fou, dass dëst Joer de Ball den 3. a 4. Juli am Dieltchen nees dierf rullen.
 

Et ass eis wichteg, kënnen ze garantéieren, dass eis Jugendspiller de Weekend vum 3./4. Juli ënner den aktuelle Mesure kënnen hire Liblingssport maachen a vill Freed hunn. Dofir hu mir verschidde Reegele fir de Weili Cup missen opstellen.
 
EKIPPEN: D'Unzuel vun de Spiller gëtt op 8 (bis elo waren et der 10) limitéiert. All Spiller, Trainer a Betreier muss e negativen, zertifiéierten Test kënne virweisen. All Spiller muss säi Bidon matbréngen.
 
ELTEREN/ZUSCHAUER: Mir wäerten d'Reegele vum CovidCheck uwenden. Dat heescht, dass ee just an de Stade am Dieltchen dierf, wann een eng vun de bekannte Konditiounen (vollstänneg geimpft, valabelen negativen Test, geheelt) erfëllt.
 
CATERING: Mir wäerten Iessen a Gedrénks ubidden, de Choix allerdéngs am Verglach zu de Jore virdrun e bëssi reduzéieren.
 
De Samschdeg ass ganz nom Goût vum FC Monnerech gelaf. Souwuel bei de Bambinis wéi och bei de Poussins huet sech den FCM déi 1. Plaz geséchert. An och um Sonndeg konnt Monnerech bei de Pupilles déi gréisste Coupe mat heem huelen. D’Finall bei de Minimes Weiler 1 - Entente Syrdall huet missen no e puer Minutten ofgebrach ginn, well e Spiller vun eis sech an enger onglécklecher Aktioun eng Gehirnerschütterung zougezunn huet. Mir wënschen him eng gutt a séier Besserung 🍀💛🖤
Déi detailléiert Resultater fannt Dir hei drënner.


Hei fannt Dir d'Brochure. E grousse Merci geet un eis Sponsoren:

Brochure vum Weili Cup 2021

An hei sinn d'Programmer a Resultater vun den eenzelen Kategorien: