D’ Spill fënnt statt, d’Fest leider net.


04 June 2021

Leider kann och dest Joer eist Fest „La Vache qui flatte“ net am normalen Modus stattfannen.

Just d‘Kouh därf den 20. Juni op d‘Fest kommen an dementsprechend gëtt och eng Gewënnercase ermëttelt.

Dir kennt nach gären Casen kaafen, entweder bei all deenen déi een Block hunn, oder och andeems dir eis iwert info@yellowboys.lu contactéiert.

 

Mir hoffen natiirlech iech 14 Deeg méi spéit op dem „Weili Cup“ kennen ze gegréissen, wou mir een Konzept op d‘Been stellen wärten, dass dest grousst Jugendturnéier stattfannen kann, an dass dir all och nees kennt een Patt huelen an een Maufel bei eis iessen kommen kennt.

 

HEI ASS WEILER