Historique


FC Yellow Boys Weiler-la-Tour

Et war den 15. Juli 1931 wéi sech 20 Leit aus dem Duerf zesummen gedroen an beschloss hunn, en Fussballveräin zu Weiler ze grënnen. De Fussball gouf zu där Zäit méi beléift an huet de Vëlo als Sportaart Nummer 1 ofgeléist. Sou koum et dann och, dass Fussballveräiner an villen Dierfer ronderëm an d’Liewen geruff goufen. Et waren dat: Haassel, Syren, Bierchem, Mutfert, Méideng a Welfréng. Déi genannten Veräiner waren zou där Zäit net Member vun der F.L.F an hunn just Frëndschaftsmatcher an intern Coupen géint eneen gespillt. Eenzegen Veräin an der Géigend, deen Member vun der F.L.F. war, waren d’Red Boys vun Uespelt. No engem Frëndschaftsmatch 1932 géint dee net federéierten FC Weiler goufen si dann och vun der Fussballfederatioun dofir bestrooft.

Vun 1936 un gouf et op eemol en Spillermangel zu Weiler deen zum gréissten Deel dorop zeréckzeféieren war, dat vill Spiller sech an aneren Dierfer abestued haten. Leider koum et dann sou wäit, dat den Spillbetrieb zu Weiler am Joer 1938 huet missen agestallt ginn. Virdrun haten schonn déi 2 Veräiner aus Haassel an Syren missen opginn. Un een Fussballspillen war wärend den Krichsjoren souwisou net ze denken. 3 vun den fréieren Spiller vum FC Weiler sinn dann och net méi aus den Krich heem komm. Et waren dat: Josy Theis, Albert Theis an Emil Steichen.

Neigrënnung

No deenen schwéieren Joren huet sech d’Veräinsliewen am ganzen Land nees etabléiert, sou och zu Weiler. Och de Fussball gouf nees populär an e puer Weiler Jongen hunn sech zu Uespelt lizenzéiert an do matgespillt.Domat war natierlech de Lokalstolz vun deenen aneren Duerfjongen getraff. Besonnesch dee spéideren Sekretär, Emil Marx wollt dëst net hinhuelen an ënner sengem Impuls gouf den 17. Dezember 1954 am Paschtoueschsall eng Versammlung aberuff an den FC Yellow Boys Weiler-la-Tour neigegrënnt. Um éischten Owend hunn sech direkt 35 Memberen ageschriwwen, dovun 17 Spiller. Doropshin hunn och di 6 Spiller, déi zu Uespelt gekickt hunn, versprach, bei hiren Heemveräin zeréckzekommen.

 

Den éischten Comité vun eisem Veräin huet sech aus folgenden Leit zesummegesat: Mathias Seil, Jos Mangen, Emil Marx, Théodore Krier, Camille Stümper, Albert Feyder an Camille Feidt. Den Beitrag fir aktiv Spiller gouf deemools op 20 Frang an fir Memberen op 30 Frang festgesat. Den éischten offiziellen Match war den 29. Mäi 1955 zu Schuller, deen mat 5:4 gewonne gouf. Den éischten offizielle Goal fir Weiler huet den Jules Kolber, op Eelefmeter hin, geschoss.

Offiziellen Member vun der F.L.F.

Den 4. Januar 1955 gouf d’Demande bei der F.L.F. gestalt an den 5. Juni 1955 sinn mir dunn offiziellen Member bei der Fussballfederatioun ginn. Dat et esou laang gedauert huet fir opgeholl ze ginn, huet dermat ze dinn dat deen éischten Terrain “Op de Mëssen” vun der F.L.F. wéinst Onbespillbarkeet ofgelehnt ginn ass. Doropshin huet de President, den Mathias Seil, dem FC Weiler en “Baamacker” zur Verfügung gestalt, deen de Veräin am Mäerz 1955 mat engem Kredit an Héicht vun 125 000 Frang kaf huet. D’Hecken an d’Beem goufen vun de Spiller selwer ofgedroen an d’Akerbauverwaltung huet sech op Initiativ vum Buergermeeschter hin em d’Nivelléieren vum Terrain gekëmmert. D’offiziell Aweiung vun eisem Terrain war dunn den 7. August, verbonnen mat engem Volleksfest am Duerf.

Den éischten Championnatsmatch war den 21. August zu Weiler an ass mat 2:6 géint Menster verluer gaangen. Et sollt bis zum 9. Oktober daueren bis d’Weiler Jongen hir éischt Punkten sammelen konnten an zwar géint Schuller mat 3:1. Mee den FC Weiler hat iwwer seng sportlech Funktioun eraus och eng sozio-kulturell Funktioun am Duerf an an der ganzer Gemeng. An den Ufanksjoren vun Veräin gouf em Chrëschtdag Theater gespillt, Fuesbaler an Summerfester organiséiert an Ausflich an d’Grenzregioun gemaach.

Interessant ze erwänen ass, dass reegelméisseg sougenannten „Sportpropaganda-Abende“ organiséiert goufen. Op deem éischten am Mäerz 1956 huet den Sportskommissär Hames iwwer Fussball, an den Dr. Charles Jones iwer Sporthygiene informéiert. Dono goufen nach 2 Filmer iwer Fussball gewisen. Den 30.11.1956 gouf den Veräin vum Sportskommissär opgefuerdert all aktiv Spiller bei den Dr. Berger op Munneref ze schécken zwecks „ärztlicher Untersuchung“ .

No 10 Saison’en an der 3. Divisioun an där den Veräin huet missen ufänken, ass eis 1. Equipe 1965 an di 4. Divisioun ofgestigen. Mat neien an méi jonken Spiller ass d’Equipe an der Saison 1966/67 an di 3. an dat Joer drop fir d’éischt an der Veräinsgeschicht an 2. Divisioun opgestigen. An der Saison 67/68 huet de Veräin fir éischt eng Seniors-Réserves-Equipe fir de Championnat ugemellt. Mat der Zäit huet den FC Weiler och ëmmer méi jonk Spiller ugezunn, besonnesch och aus den Dierfer ronderëm. Sou koum et dann och dat de Veräin sech huet missen Gedanke em d’Jugendspiller maachen. Scolaires- an Cadetséquipen si Mëtt den 70er-Joren an d’Liewen geruff ginn, dozou komm ass Ufank den 80er eng Juniorséquipe.

Opstig an d’1. Divisioun

Och an Punkto Infrastruktur huet sech Weiler deemools weiderentwéckelt. D’Vestiairen an der Schoul waren net méi zäitgeméiss an esou hunn mir den 20.03.1987 di nei Vestiairen um Terrain bezunn. No villen Joer an der 2. an 3. Divisioun sinn mir fir d’éischt an eiser Veräinsgeschicht den 16. Mee 1999 an 1. Divisioun opgestigen. D’ganzt Duerf war “en folie”, d’Spiller sinn am Cortège duerch d’Duerf gezunn an “an Huef” war no den offiziellen Rieden en grousst Fest ugesot. Dozou komm ass dat mir dat Joer fir d’éischt den Trophée du Fair-play gewonnen hunn.

 

Duerch déi vill Jugendekippen, déi am Laf vun den Joren dobäi komm sinn, ass an der Saison 2002/03 eng Jugendkommissioun gegrënnt ginn. Dës Idealisten këmmeren sech mat ganz vill Asaz ëm d’Nowuesspiller an organiséieren och eng Rei vun flotten Aktivitéiten nieft dem Terrain wéi z.B. Halloween, Kleeschen, Kannerfuesbal, Ausflich etc.

Op der Generalversammlung den 13. Juli 2006 deelt den Ady Groff de Memberen mat, dass hien no 20 Joer President zrécktrëtt. Säi Nofolger gëtt den Tom Majeres. De Comité beschléisst 2007 fir déi iwwer 50 Joer al Statuten vum Veräin op de neitste Stand ze bréngen. D’Assemblée Générale stëmmt den 12.07.2007 fir dës Erneierung. Den 9. Mäerz 2007 keeft de Fussball eng nei Camionnette, besonnesch fir d’Jugendspiller op Matcher an Trainingen ze transportéieren.

An der Saison 2007/2008 huet de Veräin missen erëm an déi 2. Divisioun fir 3 Joer drop erëm éischtklasseg ze sinn. No laange Joer, wou mir op onsem alen Grasterrain gespillt hunn, ass dunn am Joer 2012 een Dram an Erfëllung gaangen. Den FC Yellow Boys huet e neien syntheteschen Terrain kritt. 2013/14 huet den FC Weiler och nach eng Kéier den Trophée vum Fair-play kritt.

 

Mat der Saison 2014/15 huet den FC Yellow Boys dunn säi bis dato bescht Resultat vun der Veräinsgeschicht geschriwwen an dat mat enger 4. Plaz an der 1. Divisioun. Am Summer 2015 ass de Christian Reuter Nofolger vum Tom Majeres als President ginn.

An der Saison 2015/2016 ass Weiler dunn an d’Halleffinall vun der Coupe FLF komm, an der et eng 0:1-Defaite géint Luerenzweiler gouf. Am Championnat stoungen d’Yellow Boys no der Hironn mat 10 Punkten op der zweetleschter Plaz, hunn an der 2. Halschent vum Championnat awer Gas ginn a si mat 34 Punkten nach déi 6. ginn.

Déi Saison dono huet erëm katastrophal ugefaangen. An der Wanterpaus louch Weiler op der drëttleschter Plaz mat 11 Punkten. Nom Joreswiessel ass et dunn erëm besser gaangen an an der Schlusstabell koumen déi Giel-Schwaarz mat 32 Punkten op déi 9. Plaz.

Besser sollt et an der Saison 2017/2018 lafen. Mat 49 Punkten huet d’Ekipp vum Trainerduo Claude Mangen/Claude Meylender e neien Veräinsrekord an der 1. Divisioun opgestallt. Déi 4. Plaz an der Schlusstabell war d’Egalisatioun vum Rekord aus der Saison 2014/2015. Dee leschte Match vum Championnat géint Suessem konnten d’Supporter vun de Yellow Boys sech och nach doriwwer freeën, dass déi nei Infrastruktur beim Terrain mat neie Vestiairen, enger Tribüne an enger Buvette déi éischte Kéier konnt genotzt ginn.

Klengen Doublé

E Kapitel fir sech huet d’Saison 2018/2019 an der Veräinsgeschicht verdéngt. Mam Jhemp Almeida ass en Trainer engagéiert ginn, deen de Red Black Egalité virdrun vun der 3. an déi 1. Divisioun bruecht hat. An och zu Weiler sollt hien zesumme mat sengen Assistenten Patrick Gloden an Orlando da Rocha weisen, dass hie weess, wéi een uewebäi spillt. Mat 61 Punkten hunn d’Yellow Boys en absolute Veräinsrekord opgestallt. Fir den direkten Opstig sollt et awer net duergoen, well Monnerech punktgläich war a mat enger Goldifferenz vu +58 besser wéi Weiler (+41) war. An dat obwuel Weiler mat 18 Géigegoler der sou wéineg geschoss krut wéi nach ni virdrun – egal a wéi enger Divisioun! De Barragematch stoung also um Programm, an an dësem hunn d’Yellow Boys viru méi wéi 1400 Zuschauer zu Lëntgen mat 3:1 géint Biissen gewonnen. Et sollt den 1. Opstig an d’Éierepromotioun geléngen. Domat war d’Saison awer nach net ofgeschloss, well och fir d’Finall vun der Coupe FLF konnt sech eis Ekipp qualifizéieren. Dës gouf viru ronn 1100 Zuschauer zu Menster gespillt an och an dëser konnt sech Weiler nees mat 3:1 géint den CS Gréiwemaacher duerchsetzen. De klengen Doublé war perfekt!

D’Corona-Pandemie suergt fir de fréizäitege Maintien

Déi erwaarte schwiereg Saison gouf et dunn an der Éierepromotioun. D’Yellow Boys hate no 15 Matcher 14 Punkten a louchen op der 11. Plaz an der Tabell. Wéinst der Corona-Pandemie an de Moossnamen vun der Regierung (d’Sportinfrastrukture waren ënner anerem zou) huet d’FLF Enn Abrëll decidéiert, dass d’Tabelle géifen agefruer ginn an et weder Barragematcher nach Ofsteiger géife ginn. D’Yellow Boys hu sech soumat konnten iwwer de Maintien freeën. Den éischte Gol fir Weiler an der Éierepromotioun huet iwwregens de Johan Bellini géint Mäertert-Waasserbëlleg geschoss. Fir d’Saison 2020/2021 kënnt et zu engem Trainerwiessel. De Jhemp Almeida huet nämlech d’Entscheedung geholl, als Coach opzehalen. Säi Nofollger gëtt den Andrea Fiorani.

 
 Copyright © 2010 - 2020 Clubee. All Rechter virbehalen Notéiert weg, beim Besichen vun deser Säit akzeptéiert Dir   Datenschutz-Bestëmmungen an Notzungsbedengungen. Haftungsausschluss. Cookie Astellungen.