Jugend News
News
Toute l'actualité du club
-
May
31 2010Eis Bambinis gin dee zweet op dem Tournoi ze Emmels.
Den 1 Match waren se nach net ganz Wackereg
an hun verluer 5-2 geint Recht.
Mee du geint Weywertz hun si 11-0 gewonn,an geint Bellevaux 4-2.
An geint den Gewenner vum Tourneier Elwen 3-2 Goaler hun geschoss den,Tom Nennig ,Miccolis Yvah, Flavio de Marco an den Paul Antoine .
Equipe: Kosch Julien ,Nennig Tom,Klein Tebogo, SchmitPir Paul Antoine Flavio De Marco,Pereira Leandro,Duronja Stefan Miccolis Ivah
-
Apr
28 2010Cadete wann auswärts zu Moutfort geint E- Munsbech/Moutfort
Mat engem 1-3 Auswärtserfolleg clotureieren d'Cadets hier "englesch"
Woch dei, an dat huet een um Sonnden gesin, ustrengend war!
Geint eng ganz défensiif Lokalequipe huet et net laang gedauert bis den
0-1 fir eis Faarwen gefall as duerch den Almeida Dylan.
Vill Chancen goufen erausgespillt, mais an dem warmen Wierder hun d'Konzentraioun nogelooss, an mir kruuten keen Schoss mei enner daag. No enger kurioser Situatioun wou d'Lokalequipe den ball widder d'Laat geschoss huet, as de Ball zereck op eisen Keeper gefall den de Ball op de Poteau gelenkt huet fir das de Ball erem ant Spill koum. Den nach mei kuriosen Onparteieschen huet awer vum Mettelpunkt!!! aus "gesinn" das et Goal war, respekt fir dei seheresch Fähegkeeten...neierdengs as et och Abseits wann een hannert der Mettellinn fortleeft.. Demno 1-1. Beim Ustouss hun mer eis et dun eng keier einfach gemat an e waiten ball sollt de Joe Laby fir den 1-2 als direkt Aentwert eran setzen. 1-2 an der Paus.
No der Paus goung et weider mat villen Feelpassen an Aktiounen dei net oofgeschloss goufen, sou huet awer no enger schneller Attaque de Joao Gomes mat enger scheiner Eenzelleeschtung den 1-3 marqueiert an dat war och de Schlusspunkt!
E sonnden kennt Käl op Besuch fir den Topmatch, eischten geint den zweeten!
-
Apr
22 2010Weidere Succès vun de Cadets
An der eischter Halschent goung et positiif un an mir sin gut an de Match komm. No der schneller Féierung duerch den Pol Summer (18.)
hun mer eis dun bessen de Schneid oofhuelen geloss geint eng kämpferesch iwerzeegend Uewerkuerer Equipe dei hirer Tabellenplaatz
awer och guer net gerecht gouf. Sou sin d'Visiteuren dun och verdengt zum 1-1 Ausglaich virun der Paus komm.
Nom Wiessel hun eis Faarwen dei ouni hiren Kapitän Joe Mootz hu misten untrieden sech um Rimm gerappt an och wann dei ganz 2. Halschent eng eenzeg Kampfpartie war sollt eis nach den 2-1 (65.) gelengen duerch den Nicolas Soares den Schloofmützegkeet vum Goalkeeper bestrooft huet. Demno eng schwéier erkämpften Victoire
an ennert dem Strich keng aussergewéinlech gut spilleresch Leeschtung.
ÉQUIPE WEILER/IZEG: /F. Cruz, A. Drustinac, A. Groff, J. Gomes, H. Vieira, D. Meisch, J. Laby, D. Almeida, N. Soares (D.Bidoli 63.) , P. Summer, R. Meyrer/ -
Apr
13 2010Cadets wannen zu Hamm
No 11 minuten sollten d'Lokaléquipe duerch en Distanzschoss 1-0 a Féierung goen, iweraschend zu dem Zaitponkt. Relatiif onbeandrockt hun mer weider eist Spill imposeiert an dat as och bis op, an ronderem de 16 meter gut gelongen mat gudden Aktiounen. An der Zone de vérité hun mer eis awer ze komplizeiert ugestallt an zaitweis entweder ze kollektiif oder net kollektiif genuch gewisen, sou das eng Abberzuel Chancen selten cadréiert goufen. De Pol Summer sollt awer nach de verdingten 1-1 schéissen an der 26. minut. Nom Téi dat gewinntent Bild, eis Equipe huet den 1-2 gefuerdert an sech bal selwer em den vollen Asaatz bruet, d'Lokaléquipe stoung hannen dran an hun just nach deen 1 oder aneren ongeféierlechen Konter zustaanen bruet an mir sin un eisen Eenzelaktiounen, Onverméijen an un mangelnder Konzentratioun am Stroofraum gescheitert. No 2 geféierlchen Chancen vir RM Hamm dei de Match sou hätten decideieren kennen hun mir dun op Konter de spiess emgedreit an erem duerch den Pol Summer den 1-2 marqueiert 68 .minut. De rescht fum Match blouf spannend an den Arbitter huet net manner wei 5 minuten nospillen gelooss. Och wann den 3-er am Endeffekt verdingt war, bleift d'Gefill mat engem bloen Aen dofun komm ze sin.
Nexten Sonnden kennt um 15.30 den CS Uewerkuer op Besuch, an do erwarden mir eng Reaktioun vun eis selwer -
Apr
12 2010Succès vun den Cadets
Um 4. spilldaag setzen d'Cadets sech an engem hart emkämpften Match 1-2 zu Hamm duerch. No 11 minuten sollten d'Lokaléquipe duerch en Distanzschoss
1-0 a Féierung goen, iweraschend zu dem Zaitponkt. Relatiif onbeandrockt hun mer weider eist Spill imposeiert an dat as och bis op, an ronderem de 16 meter
gut gelongen mat gudden Aktiounen. An der Zone de vérité hun mer eis awer ze komplizeiert ugestallt an zaitweis entweder ze kollektiif oder net kollektiif genuch gewisen, sou das eng Abberzuel Chancen selten cadréiert goufen. De Pol Summer sollt awer nach de verdingten 1-1 schéissen an der 26. minut. Nom Téi dat gewinntent Bild, eis Equipe huet den 1-2 gefuerdert an sech bal selwer em den vollen Asaatz bruet, d'Lokaléquipe stoung hannen dran an hun just nach deen 1 oder aneren ongeféierlechen Konter zustaanen bruet an mir sin un eisen Eenzelaktiounen, Onverméijen an un mangelnder Konzentratioun am Stroofraum gescheitert. No 2 geféierlchen Chancen vir RM Hamm dei de Match sou hätten decideieren kennen hun mir dun op Konter de spiess emgedreit an erem duerch den Pol Summer den 1-2 marqueiert 68 .minut. De rescht fum Match blouf spannend
an den Arbitter huet net manner wei 5 minuten nospillen gelooss. Och wann den 3-er am Endeffekt verdingt war, bleift d'Gefill mat engem bloen Aen dofun komm ze sin.
Nexten Sonnden kennt um 15.30 den CS Uewerkuer op Besuch, an do erwarden mir eng Reaktioun vun eis selwer! -
Mar
29 2010Poussins Série 4, match vum leschten Donneschdeg
Déi eischt Halschent huet eis Equipe gudd gespillt an de Geigner permanent enner Drock gesaat; obschon vill Gelegenheeten net genotzt goufen stung et an der Halschent 4-0. Déi zweet Halschent war d'Disziplin fort an mier hun eis Plaatzen net mei gespillt esou dass mier net mei richteg an de Match koumen obschon mier nach 3 Goaler geschoss hun. Fazit: eng gudd an eng manner gudd Halschent. Goaler: Goncalves 4x, Lamesch, Sacras, Meylender
-
Mar
23 2010Och d'Scolairen waren net ze schloen
.
D'Goler hun den Dylan Pinheiro (3), Max Ruppert, Mathieu Reding, Ricardo Alves an Nicolas Gomes geschoss.
ÉQUIPE IZEG/WEILER: Y. Thiriart, G. Marogna, N. Port, J. Walter, C. Duguet, D. Pinheiro, M. Ruppert, K. Rotmans, R. Alves, M. Reding, D. Bidoli, L.Weis, N. Gomes, S. Kieffer, Adis Drustinac -
Mar
23 2010Entente Weiler/Izeg géint Déifferdeng 4-0
Duerch Goaler vun Pol Summer (2), den momentan e super Laaf huet, Dylan Almeida mat engem flotten Volley vun 20 Meter an dem agewiesselten Dylan Pinheiro setzen d'Cadets sech mat 4:0 geint Déifferdeng II duerch.
1:0 an der Paus an enger ausgeglachener Partie géint physech ganz staark Déifferdenger sollten mer an der 2. Halschent nach besser ant Zweekämpf kommen an mei an Ballbesetz sin. Dat huet dun dozou baigedroen das mer de Match schnell konnten maan an ennert dem Impuls vum Laby Joe den eis offensif Leit emmer rem engageiert huet, sin dun als Konséquenz d'Goaler gefall.
Global och eng duerchaus korrekt defensiif Leeschtung. Fussballeresch also en somme zimlech gut, dorobber kann een opbauen an dann och zefridden opt Resultat kucken well em dat get et secher net prioritär!
ÉQUIPE WEILER/IZEG: F. Cruz, Admir Drustinac, A. Groff, J. Gomes, Joé Mootz, D. Meisch (62.' H.Vieira), J. Laby (66.' D. Bidoli), D. Almeida, N. Soares (64.' D. Pinheiro), P. Summer, R. Meyrer -
Mar
16 2010Kenzeg -Weiler/Izeg 2-2
Am éischten Match no der Wanterpaus erkämpfen sech d'Cadets en 2-2 bei denen aus der 4. Classe reklasseierten Kenzeger.
Duerch en Distanzschoss 1-0 hannen, as et och mat dem Resultat ant Paus gaang ouns das lo die eng oder aner Equipe besser gewiescht wär.
Nom Téi dun de Schock: Direkt beim Kenzeger Ustouss gouf Schloofmützegkeet bestrooft an Kenzeg goung 2-0 a Féierung. An enger hecktescher
Schlussphase wou eis Cadets Discipline gewisen hun gouw och nach Fussball gespillt, an dei 20 Minuten sollten duer goen das mir den 2-1 an 2-2 innerhalb vun 4 Minuten duerch den Dylan Almeida an Laby Joe geschoss hun. Et hät nach kéinten zum 2-3 vir eis Faarwen kommen mais bei Chancen vun Mootz, Drustinac an Soares huet e Quendchen Glëck gefeelt. Dat wär och daers gudden zefill gewiescht well d'Jongen secherlech net hier allerbeschten Leeschtung oofgeruff hun.
Alles an allem en gerechten Match nul.Bleift nach ze soen das d'Cadets just an genau zu 11 waren an kämpferesch wirklech iwerzeegt hun mat engem onermiddleschen Joé Laby an Pol Summer dei massgeblech Undeel um gudden Resultat haaten.
Nexten Sonnden kennt Deifferdeng 03 op Besuch!
ÉQUIPE WEILER/IZEG: /F. Cruz, Admir Drustinac, A. Groff, J. Gomes, H. Vieira, Joé Mootz, D. Meisch, J. Laby, D. Almeida, N. Soares, P.Summer -
Dec
07 2009Cadets gewann géint gudd Iechternacher
Clôtureiert mat enger flotter 6-2 victoire um Kleeserchenssonnden géint eng gut Iechternacher Equipe déi sech alles anescht wei verstoppt huet déi eischt Halschent, landen mer mat 4 victoiren, 2 nul, 4 défaiten mat enger ausgeglachener Bilanz op der 3.
Plaaz,...iergerlech wann een u matcher zereck denkt vun Moutfort a Mondorf dei net gewonnen goufen an déi eis selten d'Waasser konnten reechen. Iergerlech och wann een bedenkt das een geint dei eischt 2 an der Tabell all Kéier domineiert huet mais déi dann méi realistesch waren an dofir verdingt do stin wou se stin an mir "juste" op 3.(http://www.flf.lu/championnats/resultats.php?saison=2009/2010&cat_id=5&niveau_id=1822).
Dat sin Punktverloschter dei weih din an der Course no uewen. Mat daer Erfahrung méi raich graifen mer am Fréijoer op en neitst un.
Zum Match: Hellwakresch wat déi lescht Wochen rar war, sin mer den Ufank vum Match ugaangen an konnten duerch eng gelongen, schnell an prezise Aktioun iwer 4 Statiounen 1-0 (5.) a Féierung goen duerch den Soares.
Et as hin an hier gaang an béid Equipen hun sech etlech Chancen eraus gespillt, en ennerhaltsamen Match. No enger klenger Onuechtsamkeet, huet Iechternach ausgeglach (30.), net onverdingt an mir hun erem ugefaang un eis ze zweiflen. 1-1 an der Paus. Nom Téi hun sech d'Evenementer iwerschloen. Eis Jongen hun de Géijner enner Drock gesaat an sin voll Risiko héich ugraifen gaang, duerch e Ballverloscht woust Iechternach sech nach just mat engem Foul um Joe Laby ze hellefen. De fällegen Penalty huet de Soares Nicolas onbeiirt erangesat (41.).Direkt nom Ustouss solten d'Cadets wéi opgedreit d'Abteistädter duergerneen wirbelen, an den folgenden Corner huet den Almeida per Kapp zum 3-1 erangemat (43.). Dun Loung de Rimm beim Géijner e bessen eroof an d'Cadets hun sech zaitweis an e Rausch gespillt secherlech befligelt duerch déi 2 schnell Goaler, et as mat kuerzen an laangen Päss beliebeg schnell an zaitweis ganz schnell kombineiert gin, Mouvement, Asaatz, Prezisioun, Discipline,alles huet gestemmt, et as gelaaf, an den Trainer huet méi wéi een mol ongleewesch nogekuckt an sech gefroot wat am Novembermount nemmen las war,..."naischt" eben! Dun koum nach als "Cerise" den Optrett vun eiser Offensiiffraktioun: Joé Laby, Pol Summer an Randy Meyrer hun sech och nach de Frust vun denen leschten Wochen vun der Séil geschoss.Zweschenzaitlech huet Iechternach mam 2. Goal den Uschloss gesicht,mais zu dem Zaitpunkt waren d'Abteistädter nach gut zervéiert mam 6-2, glaichzaiteg Endstand. 2. Halschent hun d'Jongen de Knuet erem opgedoen an sou gin mer optimistesch vir de retour mat irgendwou engem bizaaren Baigeschmaach ant Wanterpaus. D'Partie gouf iwregens vum excellenten Här Arbitter Bourqel souverän geleed, dei Chance huet een och alt selten!