Yellow News
News
Toute l'actualité du club
-
May
15 20121/4 Final an der Coupe FLF
Sou no waren d'Yellow Boys nach nie un engem nationalen Titel drun.
Obwuel et nemmen di 'kleng' Coupe as, waerten di Giel alles drun setzen fir di Coupe den 10. Juni an den Diektgen ze brengen an domat deen éichten offiziellen Titel an der 58 jaehreger Geschicht vum Veräin ze huelen.
Dofir mussen di Bieleser muer Mettwoch ab 19.30h aus de Féiss geraumt gin
Alles an den Dileltgen fir eis Equipe dementspriechend ze ennerstetzen !! -
May
14 2012leschte Championnatsmatch doheem an och leschten Défaite
Weiler verléiert 0-1 géint Beggen
d'Yellow-Boys gewannen 1-0 mee leider waren déi Beggener e Sonndeg Giel-Schwaarz gekleet. den eenzegen Goal vun der Partie ass an der 34 Minutt gefall . ett war en indirekten Fraistous den direkt eragesaat gin ass o:) .
E Mettwoch gin d'Yellow-Boys nach emol alles fir e weideren Tour an der FLF-coupe ze spillen. demno kommt an ennerstetzt déi Weiler Jongen vlait eng leschte Kéier um Gromperesteck. ustouss ass um 19h30 -
May
09 2012Eng supermotivéiert Equipe hellt 3 wichteg Punkten zu Mertert/Waasserbelleg
D'Yellowboys waren vun Ufank un di besser Equipe an hun vun der 1. Minut un Drock gemaach.
No knapps 5 Minuten as dunn och den 1-0 fir di Weiler duerch e Kappball vum Dado gefall.
D'Spiller vun der Musel hun probéiert de Yellow Boys mat villen Foulspiller den Schneid oofzekaafen mee d'Spiller aus dem Dieltgen hun gudd dogéint gehaal.
Di Giel hun souguer super Chancen duerch den Gilles Nober an den Kevin Boumedine ausgelooss fir de Score z' erhéichen.En domme Geste vum Kevin Boumedine huet dozou geféiert dass di Weiler no 25 Minuten just nach zu 10 waren.
Si hun awer nie opgin an den Dado Ceman huet mat sengem zweeten Goal di vill Weiler Supporter frou gemaach an den Score op 2-0 gesaat.
De Witz vum Owend war awer di giel/rout Kaart fir de Mika Afonso bei engem Aworf !!!! Mee ett huet awer bei d'Leeschtung vum Onparteieschen gepasst
Et war haut di richteg Reaktioun no de schlechte Resultater an de läschte Wochen an e Sonndeg gelt et géint d'Wiichtelcher vu Beggen Revanche fir di 0-5 Nidderlaag an der Hinronn ze huelen.
-
May
07 2012Wéider Neierlaag am Dieltgen
0-1 Défaite géint Bieles
Weiler war wuel besser mee déi gréissten Goalchancen haaten d'Visiteuren . den eenzege Goal vun der Partie ass an der 76ter Spillminutt gefaal. Elo heescht ett onbedengt e Mettwoch géint Mertert/ Wasserbelleg gewannen fir définitiv naischt mam Oftstieg ze doen ze hun. Ustouss um 19h30 zu Wasserbelleg
-
Apr
28 2012Nidderlaag zu Sandweiler
Trotz gudder kämpferescher Leeschtung huet den Tabellenéischten de Yellow Boys keng Chance gelooss an verdengt mat 2-0 gewonn
-
Apr
24 2012Patrick Gloden get neien Assistenztrainer bei de Yellow Boys
No Statiounen zu Remerschen an zu Stroossen stéisst de Patrick Gloden fir di nei Saison bei den Trainerstaff vun de Yellow Boys fir ze hellefen dass di Giel-Schwaarz och nächst Saison eng interessant Partie an der 1. Divisioun kennen spillen.
Härzlech wëllkomm am Dieltgen ! -
Apr
23 2012Weider Défaite vun de Yellow-Boys
Weiler verléiert no enger 1-0 Pauseféierung mat 1-3 géint Stengefort
No enger gudder éischter Halschent wou Weiler duerch de Max Thillmann mat 1-0 a Féierung gaangen ass konnt den Opstiegskandidat an der 2ter Halschent d'Partie dréihen. Mat engem onhaltbaren Schoss an der 53ter Minutt konnt Stengefort ausglaichen fir dann no 76min mat 1-2 a Feierung ze goen. Schlussphase war hektesch. Stengefort krut an der 90ter Minutt en Elefmeter deen den Christophe Cum awer glänzend gehaal huet. Eng Minutt méi spéit haat Weiler den Ausglaich um Fouss mee dem Ceman Admir sain Schossbleiwt um Poteau hänken. An der leschter Minutt huet Stengefort op Konter hin den 1-3 markéiert. Nächsten Rendez-vous e Freideg schon um 19h45 géint de Leader zu Sandweiler
-
Apr
20 2012Weiler géint Bieles an der 1/4 Finale vun der Coupe FLF
Gespillt get den 16. Mee
-
Apr
18 2012D'Yellow Boys an der 1/4 Finale vun der Coupe FLF
Duerch Goaler vun Laurent Nardecchia an Mika Afonso gewannen di Giel mat 2-0 zu Berbuerg.
D'Auslousung vum nächsten Tour as dese Freideg 20.04. -
Apr
15 20120-0 zu Berbuerg
Duerch en 0-0 zu Berbuerg klammen d'Yellow Boys op di sensationnell 4. Plaaz an der Tabelle.
Lo gelt et an deenen nächsten zwee Matcher géint di zwee Tabellenéischten Stengefort resp Sandweiler di gudd Tabellenplaaz ze verteidegen.