News

Toute l'actualité du club

  • Jan

    12 2012

    Trainingsoptakt

    Haut Donnegdeg as den Trainingsoptakt vun eiser 1. Equipe
    En Rei Testmatcher sin geplangt, d'Terminer fannt dir am Calendrier général

  • Dec

    15 2011

    114 nei Trainingskostümer

    Sämtlech Jugendspiller an Trainer aus der Entente Izeg Weiler hun den 9. Dezember an enger sympathescher Feierstonn an deenen phantasteschen Reimlechkeeten vum Stade Albert Kongs zu Izeg nei Trainingskostümer kritt.
    Dest an engem Gesamtwärt vun net manner wéi 8.000 Euro.

    Fir d'éischte Kéier präsentéieren sech d'Spiller vun der Entente lo an gemeinsamen Faarwen an och mat engem eegenen neien Logo

    Felicitatioun un di zwou Jugendkommissiounen



















  • Dec

    12 2011

    Chrëschtbeemerchersverkaaf en vollen Erfolleg

    Méi wéi 50 Beem verkaaf
    Fir d'éischte Kéier haaten d'Yellow Boys desen Samsdeg Chrëschtbeemercher verkaaf.
    Eng grouss Auswiel vun Nordmann-Beem zweschen 1.5m an 2.5m hun d'Client'en ugezunn an schon fréi waren der vill verkaaf.
    Ausserdeem hun d'Leit sech un där flotter Chrëschtambiance erfreet an sin nach fir e Glühwäin oder en gudden Ierbessebulli bliwwen.

    Verkaaf goufen och nach selwergemaachten Kichelcher, Knippercher, Gebees an Glühwäinlikör.

    E Merci un all di Leit déi eis ennerstetzt an gehollef hun.

    En ganz speziellen Merci geet un Marie-Paule Laby, Claudine Wagner, Nadine Thiry, Christiane Alves an Christiane Reisch fir di vill Méi déi si sech gemach hun fir ze baaken, kachen, etc

    Och nach e Merci un d'Nadia Kadouche vum Café Schlammestee daat eis säin Parking zur Verfügung gestallt huet







    img/IMG_0545-b.jpg
  • Dec

    06 2011

    YellowBoys hun eng nei Fan Page op Facebook


    http://www.facebook.com/FCYellowBoys