Historique du FC Yellow Boys

F.C. Yellow Boys

Historique vum

Et war den 15. Juli 1931 wéi sëch 20 Leit aus dem Duerf zesummen gedoën an beschloss hun, en Fussballsveräin zu Weiler ze grënnen. De Fussball gouf zu där Zäit ëmmer méi beléift an huet den Velo als Sportart Nummer 1 ofgeléist. (Schon 1906 haaten sëch d´Velosfrënn aus der Géigend am „Club Cycliste La Pédale Weiler-la-Tour“ zësummengeschloss).

 

D´Yellow Boys vun 1931

Sou komm et dann och dat Fussballsveräiner an villen Dierfer rondërem an d´Liewen geruf goufen. Et waren daat: Haassel, Syren, Bierchem, Moutfort, Medingen, Welfringen. Déi genannten Veräiner waren zou där Zäit nët Mëmber vun der F.L.F. an hun just Frëndschaftsmatcher an intern Coup´en géint eneen gespillt. Deen eenzegen Veräin an der Géigend, deen Mëmber vun der F.L.F. war, waren d´Red Boys vun Uespelt. No engem Frëndschaftsmatch 1932 géint dee net féderéierten FC Weiler goufen sie dann och vun der Fussballsféderatioun dofir bestroft.

Vun 1936 un gouf et op eemol en Spillermangel zu Weiler deen zum gréissten Deel dorop zëreckzeféiren war, dat vill Spiller sech an aneren Dierfer anbestued haten. Leider koum ët dann sou wäit dat den Spillbetrieb zu Weiler am Joer 1938 huet missen agestallt gin. Virdrun haaten schon déi 2 Veräiner aus Haassel an Syren missen opgin.

Yellow Boys vun 1931

Photo: Yellow Boys vun 1931

 

Un een Fussballspillen war während den Krichsjoeren souwisou nët ze denken. 3 vun den fréieren Spiller vum FC Weiler sin dann och net méi aus dem Krich heem komm. Et waren daat: Josy Theis, Albert Theis, Emil Steichen

Den éischten Präsident „Seil´s Mett“

Den éischten Präsident „Seil´s Mett“

Photo: Den éischten Präsident „Seil´s Mett“

No deenen schwéiren Joeren huet sëch d´Veräinsliewen am ganzen Land nees établéiert, sou och zu Weiler. Och de Fussball gouf nees populär an e puer Weiler Jongen hun sëch zu Uespelt lizenzéiert an do matgespillt. Domat war natiirlech den Lokalstolz vun deenen aneren Duerfjongen getraff. Besonnesch dee spéideren Sekretär, Emil Marx wollt dest net hinhuelen an enner sengem Impuls gouf den 17. Dezember 1954 am Paschtoueschsall eng Versammlung aberuff, an den F.C. Yellow Boys Weiler-la-Tour neigegrënnt. Um éischten Owend hun sëch direkt 35 Mëmberen ageschriwen, dovun 17 Spiller. Doropshin hun och di 6 Spiller, déi zu Uespelt gekickt hun, versprach bei hiren Heemveräin zëreckzekommen, dorënner eisen heitegen Präsident den Ady Groff. Den éischten Comité vun eisem Veräin huet sëch aus folgenden Leit zësummengesat:

Präsident: Mathias Seil, Vize-Präsident: Jos Mangen, Sekretär: Emil Marx, Caissier: Theodor Krier, Mëmberen: Camille Stümper, Albert Feyder, Camille Feidt

 

Den Beitrag fir aktiv Spiller gouf deemols op 20.- Frang an fir Mëmberen op 30.- Frang festgesaat. Den éischten offiziellen Match war den 29. Mai 1955 zu Schuller géint den FC Etoile Sportive, deen mat 5:4 gewonnen gouf. Den éischten offiziellen Goal fir Weiler huet den Jules Kolber op Eelefmeter hin geschoss. Fazit vum deemolegen Trainer Vic Reisdorffer: Die Lehre aus diesem Spiel ist die, daß wir unsere Verteidigung unbedingt umbauen und verjüngen müssen, dann können wir getrost in die Zukunft blicken Den 4. Januar 1955 gouf d´Demande bei der F.L.F gestallt an den 5. Juni 1955 sin mir dun offiziellen Mëmber bei der Fussballsféderatioun gin. Dat ët sou laang gedauert huet fir opgeholl ze gin, huet domat ze din dat deen éischten Terrain „Op de Mëssen“ vun der F.L.F. wéinst Onbespillbarkeet ofgelehnt gin as. Doropshin huet den Präsident, den Mathias Seil, dem FC Weiler en Baamacker (Bongert) zur Verfügung gestallt, deen de Veräin am März 1955 mat engem Kredit an Héicht vun 125.000.- Frang kaaf huet. D´Hecken an d´Beem goufen vun de Spiller selwer ofgedroen an d´Ackerbauverwaltung huet sëch op Initiativ vum Buergermeeschter hin em d´Nivelléirung vum Terrain gekëmmert. D´offiziell Aweihung vun eisem Terrain war dun den 7. August, verbonnen mat engem Volleksfest am Duerf.

D´Aweihung vum Terrain „Am Dieltchen“

Hei de Rapport vum deemolegen Sekretär: Wir hatten diese Feier ganz groß aufgezogen, aber leider machte uns der Wettergott einen Strich durch die Rechnung. Um 2 Uhr vollzog sich dann der Empfang der Gesellschaften und Autoritäten. Dann erfolgte unter den Klängen der Musikgesellschaften der Festzug zum Terrain allwo der Sportskommissar nach den üblichen Reden das trikolorene Band durchschnitt. Dann nahm unser Herr Pfarrer die kirchliche Segnung vor. Das darauf folgende Volksfest im Inneren der Ortschaft war trotz der feuchtkalten Witterung gut besucht, so dass man doch mit dem Erlös der Veranstaltung zufrieden sein konnte.

Den éischten Championnatsmatch war den 21. August zu Weiler an as mat 2:6 géint Mensdorf verluer gangen. Et sollt bis zum 9. Oktober daueren bis d´Weiler Jongen hir éischt Punkten sammelen konnten an zwar géint Schuller mat 3:1. Mee den FC Weiler hat iwer seng sportlëch Funktioun eraus och eng sozio-kulturell Funktioun am Duerf an an der ganzer Gemeng.

D´Aweihung vum Terrain „Am Dieltchen“

D´Aweihung vum Terrain „Am Dieltchen“

 

Theater an „Sportpropaganda-Abende“

Sportpropaganda-Abende

Photo: „Sportpropaganda-Abende“

An den Ufanksjoeren vum Veräin gouf em Chrëschtdaag Theater gespillt, Fuesbaaler an Summerfester organiséiert an Ausflig an d´Grenzregioun gemaach.

Interessant ze erwähnen as, dat regelméisseg sougenannten „Sportpropaganda-Abende“ organiséiert goufen. Op deem éischten am März 1956 huet den Sportskommissär Hames iwer Fussball, an den Dr. Charles Jones iwer Sporthygiene informéiert. Dono goufen nach 2 Filmer iwer Fussball gewisen.

Den 30.11.1956 gouf den Veräin vum Sportskommissär opgefuerdert all aktiv Spiller bei den Dr. Berger op Munnëref ze schëcken zwecks „ärztlicher Untersuchung“.

 
Gruppephoto zum 10 jähregen Jubiläum vum Veräin 1964

Photo: 10 jähregen Jubiläum vum Veräin 1964

No 10 Saison´en an der 3. Divisioun an där den Veräin huet missen ufänken, as eis 1. Equipe 1965 an di 4. Divisioun ofgestiegen.

Mat neien an méi jonken Spiller as d´Equipe an der Saison 1966/67 an di 3. an daat Joer drop fir d´éischt an der Veräinsgeschicht an 2. Divisioun opgestiegen.

Zu där Equipe hun gehéiert:

A. Krier, A. Theisen, L. Mangen, J. Demuth, M. Engelberg, R. Delhalt, G. Theisen, F. Reuter, P. Ries, J. Mangen, E. Thoss, P. Sonntag, A. Groff, P. Groff, J. Nutal

 

Weiler steigt 2 Joer hannereneen vun der 4. an 2. Divisioun

An der Saison 67/68 huet den Veräin fir d´éischt eng Seniors Réserves Equipe fir de Championnat ugemellt.

Mat der Zäit huet den FC Weiler och ëmmer méi jonk Spiller ugezun, besonnesch och aus den Dierfer ronderem. Sou koum et dann och dat de Veräin sëch huet missen Gedanken em d´Jugendspiller maachen. Scolaires- an Cadetsequipen sin Mëtt den 70er Joëren an d´Liewe geruff gin, dozou komm as Ufank den 80er eng Juniorséquipe.

Och an Punkto Infrastruktur huet sëch Weiler doumols weiderentwëckelt. D´Vestiären an der Schoul (deen heitëgen Centre culturel An Huef) waren net méi zäitgeméiss an sou hun mir den 20.3.1987 di nei Vestiaren um Terräin bezun.


Photo: Weiler steigt an 2 Joer vun der 4. an 2. Divisioun

Photo: Weiler steigt an 2 Joer vun der 4. an 2. Divisioun

 

Weiler steigt fir d´éischt an der Veräinsgeschicht an 1. Divisioun

No villen Joeren an der 2. an 3. Divisioun sin mir fir d´éischt an eiser Veräinsgeschicht den 16. Mee 1999 an 1. Divisioun opgestiegen. D´ganzt Duerf war „en folie“, d´Spiller sin am Cortège duerch d´Duerf gezun an „an Huef“ war no den offiziellen Rieden en grousst Fest ugesoot.

D´Spiller vun där Saison waren: N. Linden, C. Weber, C. Walisch, C. Grimberger, C. Ernst, F. Munisso, R. Kettmann, S. Sonntag, D. Schack, C. Mitsch, A. Hoffman, C. Staar, G. Tricca, C. Demuth, C. Muller, G. Schimberg, Pedro Guedes, Paulo Guedes, Christian Rodrigues, T. Majeres. De Spillertrainer war de Luc Muller.

Dozou komm as dat mir daat Joer fir d´éischt den Trophée du Fair-play gewonnen hun.

Duerch déi vill Jugendéquipen déi am Laaf vun den Joeren dobäi komm sin, as an der Saison 2002/03 eng Jugendkommissioun gegrennt gin.

Weiler steigt fir d´éischt an der Veräinsgeschicht an 1. Divisioun

Photo: Weiler steigt fir d´éischt an der Veräinsgeschicht an 1. Divisioun

 

Grënnung vun der Jugendcommissioun

Evolution du nombre d'équipes de jeunes

 

Des Idealisten kemmeren sech mat ganz vill Asaatz em eis Nowuesspiller am sportlechen Beräich an organiséiren och eng Rei vun flotten Aktivitéiten niewt dem Terrain wéi z.B. Halloween, Kleeschen, Kannerfuesbal, Ausflig etc.

 

De Weekend du Cinquantenaire

Den 17.12.2004 begréisst den Präsident vum Organisatiounscomité, Tom Majeres am Centre culturel 150 Invité’en op der Soirée académique „50 Joer FC Weiler“ dorënner den Paul Philipp, Präsident vun der FLF.

50 Joer FC Weiler

Photo: 50 Joer FC Weiler

 

Och d’Ausstellung war en vollen Erfolleg.
 
 

Exposition 50 Joer FC Weiler

Photo: Exposition 50 Joer FC Weiler

 

Zur Feier gouf och eng Brochure publizéiert déi d’Geschicht vum Fussball retracéiert.

50 Joer FC Weiler

Photo: 50 Joer FC Weiler

Brochure Geschicht vum Fussball

Photo: Brochure Geschicht vum Fussball

 

Am Kader vum Cinquantenaire spillt d’Härenéquipe géint di Aal International am Mee 2005

Härenéquipe spillt géint di Aal International am Mee 2005

Photo: Härenéquipe spillt géint di Aal International am Mee 2005

Härenéquipe spillt géint di Aal International am Mee 2005

Photo: Härenéquipe spillt géint di Aal International am Mee 2005

 

Stëmm vun der Strooss an eis Uniformen

Vun der Saison 2005/06 un gin d’Uniformen vum FC Weiler vun der „Stëmm vun der Strooss asbl“ gewaesch. Dest as en enormt Erspuernis fir de Veräin well pro komplett Uniform nemmen e Betrag vun 4 € muss bezulet gin.

En neien Comité

Op der Generalversammlung den 13. Juli 2006 deelt den Ady Groff de Memberen mat dat hien no 20 Joer Präsident zerecktrett. Säin Nofolger get den Tom Majeres. Mam Nico Linden kritt de Veräin och e neien Sekretär an mam Christian Reuter e neien Caissier. Et mëllen sech och eng Rei vun aalen Spiller an de Comité fir de Veräin weider um Liewen ze erhaalen.

Deen neien Comité hëllt direkt mam Schäfferot Kontakt op fir op den schlechten Zoustand vun eiser Infrastruktur opmirksam ze maachen. Et get an enger éischter prise de contact iwer en eventuell ganz neien Site bei der Sportshaal diskutéiert.

Den 10.12.2006 fënnt di éischt After Game Party virun der Buvette statt.


After Game Party

Photo: After Game Party

 

E Feier an der Buvette

E Feier an der Buvette

Photo: E Feier an der Buvette

 

Den 03.01.2007 zerstéiert e Feier an der Buvette en Deel vum eisem Material.

De Comité beschléisst 2007 fir di iwer 50 Joer aal Statuten vum Verain op de neitste Stand ze brengen. D’Assemblée Générale stemmt den 12.07.2007 fir des Erneierung. Di nei Statuten gin den 08.08.2007 ennert der Nummer F7337 beim Registre de Commerce et des Sociétés déposéiert.

Den 9. März 2007 keeft de Fussball eng nei Camionnette, besonnesch fir eis Jugendspiller op Matcher an Traininger ze féieren. De Veräin an d’Jugendkommissioun finanzéiren zesummen desen Investissement vun 10.000.-€.

Well d’Reimlechkeeten um Terrain lues awer secher duerch déi vill Equipen ze kleng gin, beschléisst de Comité am Februar 2008 en Chalet ze kaafen fir do di vill Uniformen an aner Material ze stockéiren an se och als Caisse bei de Championnatsmatcher ze benotzen.

 

 

Fir Käschten ze spueren get en bestehenden Chalet beim Hoffmann Schwall als Occasioun kaaf, do ofgeriicht an zu Weiler nees opgeriicht an och komplett renovéiert.

An der Saison 2007/08 as di éischt Equipe no 9 Joer an der 1. Divisioun an di 2. erausgefall. Den 3-2 an engem dramateschen läschten Championnatsmatch zu Betebuerg as leider net duer gaang an Weiler feelt um Enn vun enger laanger an schwéierer Saison een eenzege klenge Punkt.

Op enger mouvementéierter Generalversammlung den 10. Juli 2008 mecht de Comité, d’Jugendkommissioun an eng Rei vun de Membren der Madame Buergermeeschter nach eemol kloer dat enner den aktuellen Konditiounen et net méi wärt méiglech sin en geregelten Oflaaf vun den Aktivitéiten ze garantéiren ; dest besonnesch duerch déi immens Zuel vun neien Jugendspiller.

Résidences des Jeunes Joueurs

Photo: Résidences des Jeunes Joueurs

 
Den Ed. Kugener päifft den 08.09.2008 zu Weiler säin 2000. Match

Photo: Den Ed. Kugener päifft den 08.09.2008 zu Weiler säin 2000. Match

Neien Trainer fir d’Saison get den Arno Bonvini, deen och schon als Spiller zu Weiler täteg war. Him helleft den Gilles Tricca als Co-Trainer an de Nico Linden als Goalkeepstrainer.

An der Summerpaus 2008 gin d’Vestiairen endlech renovéiert. D’Gemeng renovéiert d’Duschen an d’Comitésmembren d’Vestiairen.

Den Ed. Kugener päifft den 08.09.2008 zu Weiler säin 2000. Match beim Duell zweschen Weiler II an Izeg II.

Fir den 100. Anniversaire vun der FLF get 2008 e Buch publizéiert an deem den FC Weiler sech och dierf präsentéiren. Den Veräin beschléisst eiser Jugend de Virrang ze gin an folgend Foto get an desem Buch veröffentlecht.

 

Den 26. November 2008 get de ganze Comité beim Schäfferot firstelleg fir iwer en neien Terrain ze diskutéiren. Ufanks 2009 soll endgülteg décidéiert gin op den FC Weiler en ganz neie Site kritt oder op deem bestehenden Terrain en syntheteschen Wues soll ugeluecht gin.

Op Initiativ vun der Jugendkommissioun fënnt den 26.12.2008 di éischt Christmas-Party virun eisem Chalet statt. Bei Glühwäin, Chreschtbéier an Gromperekichelcher get bis laang an dNuecht gefeiert.

Pünktlech zur Generalversammlung den 9. Juli 2009 geet di iwerschafften Homepage vum Veräin an engem ganz neien Laypout online. Decke Merci un de Serge Schumacher fir seng kooperativ Hellef

Weiler Jugendspiller 2008

Photo: Weiler Jugendspiller 2008